Historesche Réckbléck iwer d’Steierverwaltung

Am Joer 1842 trennt Lëtzebuerg sech vun der hollänescher Verwaltung an trëtt dem däitschen Zollveräin bäi.

D’Steierverwaltung gëtt duerch en « Arrêté royal grand-ducal » vum 7. Mäerz 1842 gegrënnt.
Den Artikel 1 définéiert d’Aufgab vun der neier Verwaltung ënnert hirem éischten Direkter, dem Baron de Wydenbruck : L’administration des contributions directes et des accises a pour objet l’assiette, la répartition et le recouvrement des diverses contributions directes, la perception des droits d’accises, y compris les produits de la régie du sel, la redevance sur les mines et le versement de ces divers impôts dans la caisse de l’Etat.

D’Fonktioun vum Direkter gëtt awer schonn 1850 zäitweis ofgeschaaft an d’Verwaltung ënnersteet bis bis 1855 engem « Adminstrateur Général des Finances »

Duerch en Arrêté vum 20. November 1857 ginn de Kadaster an de « Service des poids et mesures » der Steierverwaltung ugegliddert.

1882 gëtt den Här Mathieu Mullendorf Direkter genannt. Hien ass am Joer 1842 als Expéditionnaire an d’Verwaltung agetrueden a war bis zu sengem Doud am Joer 1895 méi wéi 50 Joer am Déngscht.

Nom éischte Weltkrich léist Lëtzebuerg sech vum däitschen Zollveraïn a grënnt mat der Belsch d’ « Union Economique Belgo-Luxembourgeoise », wat virun allem bei den Accisen eng grouss Roll spille soll.

1941 gëtt d’Steierverwaltung, déi bal 100 Joer besteet, vum däitsche Besatzer ogeschafft.
Déi meescht Beamte ginn an deene 4 « Finanzämter » zu Lëtzebuerg, Esch, Diekrich an Iechternach ënnerbruecht.

No der Libératioun 1945 gëtt de Kadaster eng eegestänneg Verwaltung.
Lëtzebuerg hält awer den däitsche Steiersystem bäi.

An de Joeren 1946 – 1970 entsteet ënner dem Direkter Léon Schaus eng modern Verwaltung, déi am Joer 1966 fir d’éischt och Fraen astellt. Déi grouss Steierreform nom Gesetz vum 4. Dezember 1967 dréit dann definitiv denen neien Zäiten an dem wirtschaftlechen Opschwong Rechnung.

Ënner der Direktioun vum Jean Olinger (1970-1990) gëtt d’Verwaltung informatiséiert, an obwuel dëst d’Aarbecht vereinfacht, klëmmt dach d’Zuel vun den Dossiere méi séier wéi d’Zuel vun de Beamten. An dëser Zäit gin och d’Relatioune mam Ausland weider verbessert, a wéi de Jean Olinger 1990 säin Amt un de Paul Lauterbour weidergëtt, huet Lëtzebuerg Konventioune mat villen europäischen an neteuropäische Länner.

De Paul Lauterbourg gëtt direkt mat dene ville Problemer an Onggewëesheete vun der grousser Steierreform vun 1991 konfrontéiert, hie setzt sech awer och fir eng materiell a personell Verbesserung an.

1992 besteet d’Steierverwaltung 150 Joer. Am August 1993 verléiert d’Steierverwaltung d’Accisen, de Cabaretage an d’Autosteier. Dës Taxen, déi a fréieren Zäiten vu grousser Wichtegkeet waren, gi vun der Douane iwerholl.

Säitdeem heescht d’Steierverwaltung nach just « Administration des Contributions Directes »

Ënner der Direktioun vum François Blaeser geet d’Steierverwaltung am Joer 2003 « online » mat hirem Internetsite www.impotsdirects.public.lu

2008 verléiert d’Steierverwaltung d’Kompetenz vir de « Service de la vérification des poids et mesures ». Dëse Service ënnersteet elo dem « Institut de la normalisation, de l’accréditation, de la sécurité et qualité des produits et services ».

Am Joer 2009 huet d’Steierverwaltung en neie « système de l’horaire mobile » KABA agféiert
(circ. P – no. 78 du 24 novembre 2009)

Duerch eng Neiorganisatioun vun de Steierbüroen fir Grenzgänger gëtt am Joer 2011 de Steierbüro LZ gegrënnt. Et ass daat den 28. Steierbüro.

Am selweschte Joer feiert de Code fiscal säi 50. Gebuurtsdag. Am Juni 2011 geet de Code fiscal ënner www.code-fiscal.lu och online.

Vum Joer 2013 u ginn d’Steierkaarte fir d’ganz Land (an natiirlech och fir d’Grenzgänger) aleng vun der Steierverwaltung ausgestallt.

2017 kann d’Steierverwaltung hiren 175 Gebuertsdag feieren.

D’Chronologie vun den Direktere vun der Steierverwaltung :

  • Johann Ulveling
  • Lucien Rischard
  • Mathieu Mullendorf
  • Heri Neumann
  • Léon Kauffman
  • Jean-Baptiste Sax
  • Léon Schaus
  • Jean Olinger
  • Paul Lauterbour
  • Norbert Hiltgen
  • François Blaeser
  • Guy Heintz
  • Pascale Toussing