De Syndicat des Cadres des Contributions

Dat éischt Schrëftstéck iwwer de Syndikat datéiert vum 7. November 1909. Et sinn dëst déi éischt Statute vum « Verein der Steuer- und Akzisenbeamten des Grossherzogtums Luxemburg ». Deemols huet eise Syndikat sech just aus « Commis » a « Sous-chefs de bureau » zesummegesat. Déi aner Beamte konnten awer Éirememberen ouni aktivt a passivt Walrecht ginn. De Syndikat huet also nach net a senger heiteger Form bestanen. An den 20er an 30er Joeren hat hien éischter de Charakter vun enger Amicale, déi sech virun allem ëm d’Organisatioun vun de Generalversammlunge mat uschléissendem Iesse gekëmmert huet.

Am 2. Weltkrich huet déi däitsch Besatzung all Aktivitéit vum Syndikat verhënnert. An dëser schwéierer Zäit awer hunn d’Beamten, bis op e puer Kollaborateuren, fest zesummegehalen, e Phänomen, deen een sech haut bei eis nëmme schwéier virstelle kann. No der Liberatioun huet déi lëtzebuergesch Regierung, déi all Frang gebraucht huet, dat däitscht Steiergesetz bäibehalen. Dorophin engagéiert sech e Groupe Steierbeamten, fir datt d’Verwaltung ausgebaut gëtt an déi Beamte bäikritt, ouni déi si net méi fonktionnéire kéint.

D’Statute vum Syndikat erliewen zu där Zäit eng Reform: Vun elo un kënne Beamten aus alle Grade Member ginn; desweidere setzt sech de Comité aus jeweils engem Beamte vun all Groupe aus der Karriere zesummen.

Wat d’Réorganisatioun vun der Steierverwaltung ugeet, muss de Comité vum Syndikat awer nach vill Démarche maache fir datt de 25. Mee 1949 endlech d’Gesetz doriwwer mat etleche Verbesserunge gestëmmt gëtt.

No deem Ereechten huet sech awer e gewëssene Laxismus ageschlach. Bei enger Comitéswiel, am Joer 1954, huet den Désinteresse säin Héichpunkt fonnt, dëst duerch e Mangel u Kandidaten. No iwwerstanener Kris kënnt et zu enger intensiver Schaffensperiod, déi nei Verbesserunge fir d’Membere bréngt.

Am Joer 1959 awer, mécht de Syndikat eng nei Kris duerch, wéi matzen an de Virbereedunge fir eng Gehälterrevisioun, de Comité, nom Récktrëtt vum President, auserneebrécht. Sou muss den Direkter eng Ënnersichungskommissioun op d’Bee setzen, fir den Avis vum Personal an dëser Affär ze froen, wat dann och geschitt. Vertrieder vun eiser Verwaltung a vum Enregistrement grënnen duerno d’« Entente des Cadres des Fonctionnaires des Contributions et de l’Enregistrement » fir méi staark ze sinn an hir Interessen ze verdeedegen, net nëmme géint d’Regierung mä och géint aner Verwaltungen. D’« Guerre des indemnités accessoires » soll méi wéi zwee Joer daueren, während deenen onzieleg Diskussiounen, Versammlungen, Bréiwer, Démarchen, asw. gemaach ginn.

Den 22. Juni 1963 gëtt d’Gesetz vun der Gehälterrevisioun ënner enger Form gestëmmt, mat där de Syndikat net zefridden ass, sinn dach déi « indemnités accessoires » ofgeschaaft ginn.

1964 entsteet de Syndikat ënner senger Bezeechnong « Syndicat des Cadres », hie gëtt vun elo un vun engem « Conseil des Délégués » dirigéiert, an diem Vertrieder vu sämtleche Grade sinn.

1967 gëtt aus der « Entente des Cadres » eng A.s.b.l., an déi grënnt mat 3 aneren Organisatiounen d’CGFP.

1970 hëlt de Syndikat aktiv un der Réorganisatioun vun eiser Verwaltung deel.

Am Laf vun de Joeren verbesseren sech d’Relatiounen tëschent deenen eenzelne Verwaltungen, an den 8. Juli 1975 gëtt d’« Association Générale des Cadres » (AGC) gegrënnt.

1978 feiert den Syndikat säi 70. Anniversaire am neien Theater.

2008 feiert den Syndikat säi 100. Anniversaire um Geessekneppchen

Conseil d’administration du SCC

  • Président : Christian Faber
  • Secrétaire : Marianne Meiter
  • Trésorier : Christophe Ludewig
  • Asseseurs : Maryse Felgen et Gilbert Eichers

Document(s) complémentaire(s)

100 Joer SCC

100e anniversaire du SCC (novembre 2008)

Photos de l’événement

100 Joer 01
100 Joer 02
100 Joer 03
100 Joer 04
100 Joer 05
100 Joer 06
100 Joer 07
100 Joer 08
100 Joer 09
100 Joer 10
100 Joer 11
100 Joer 12
100 Joer 13
100 Joer 14
100 Joer 15

Document(s) complémentaire(s)

Envie de nous rejondre ?

Devenez membre !