Publié le 10/04/2020

Mesures Covid 19
Message vum 7.Abrëll 2019

Léiw Kolleginnen a Kollegen,

Ech mengen et muss ee fir d’éischt mol ënnersträichen dat nomdeems den éischte Covid-19 Fall an der Verwaltung bekannt ginn ass, den CCD direkt déi neideg Mesuren en place gesaat huet.

E roulement vu 25% an all Service anzeféieren war keng Virgab aus engem Ministère mee eng perséinlëch Entscheedung vum Steierdirekter fir säi Personal ze schützen.

Mee net all Beamten konnt heivu profitéieren well eng ganz Partie Leit si requisitionnéiert ginn.
Si hunn also misste schaffe kommen fir d’Verwaltung e Minimum um laafen ze haalen.

Doniewt muss een och feststellen dat den CDD zesummen mat de betraffene Servicer a Rekordzäit den Télétravail fir ca. 150 Leit op d’Bee gestallt huet.
Wann ee virun 3 Méint gesoot hätt am Abrëll maachen 150 Leit Télétravail da wär een ausgelaacht ginn.
Fir eis ass daat jiddefalls och eng Piste fir no der Kris.

Ee Mount laang huet d’Verwaltung elo am Krisemodus funktionnéiert an d’Paye ass zu 100% weidergelaaf.
Waat elo d’Reprise no Ouschteren ugeet ass kee vun eis Expert genuch fir ze jugéieren op daat ze fréi ass oder net.

Eng méi progressiv Reprise wéi de SUID et sech hätt kéinte viirstellen ass leider net zeréckbehaale ginn.

Mir hunn awer insistéiert op:
– Masken
– Gel hydroalcoolique
– an Hänschen
fir all Service.

Natierlëch gëtt et bei deene Saachen schon am Gesondheetsberäich eng Pénurie sou dat mir eréischt an enger zweeter Phase wäerte beliwwert ginn.

Wa Verbesserungsvirschléi do sinn sollen d’Préposéen sech onbedéngt beim CDD artikuléieren.

De Staat muss kënne weider funktionnéieren a wann ee wees dat d’Steierverwaltung (also mir all) baal d’Hälschent vum Staatsbudget generéiert dann huet d’ACD en essentielle Rôle
(cf Circulaire du 15.3.2020
Coronavirus: continuité des services des administrations sous la tutelle du ministère des Finances)

Vill Leit am Land ginn am Moment ganz staark gefuerdert an hunn net de Choix doheem ze bleiwen.

Dokteren, Infirmièren, Pflegepersonal, Police, CGDIS, P&T, Caissièren….
(an ech vergiessen der nach bestëmmt) all déi Leit déi mir owes vun eisem Balcon applaudéieren si vir d’Land iwwerliewenswichteg a si hunn net d’Optioun just schaffen ze goën wann se e Büro aleng hunn.

Loost eis solidarësch sinn.

Passt op Iech op a bleiwt gesond

Christian Faber