Publié le 04/02/2021

Suid 2021

Kolleginnen a Kollegen,

Mir sinn erëm kuerz virun eiser järlëcher Generalversammlung an et gesäit net esou aus wéi wa mir dëst Joër kéinten eng « Journée syndicale des impôts directs en mode présentiel » ofhaalen.

Ech gi gären zou dat et am Moment méi grouss a méi wichteg Problemer ginn wéi d’Désidératas vun der Personalvertriedung an der Steierverwaltung.

An awer ass d’Personalvertriedung e wichtëgt an onverzichtbart Géigegewiicht zum Comité de Direction.

Et ass ubruecht drop hinzeweisen dat dëst Joër Wale sinn fir de Conseil des Délégués an de Bureau Exécutif nei ze besetzen.

Wéi scho méi laang ugekënnegt soll et eng Wal vun der Transitioun sinn an dofir wäert ech selwer net méi fir de Posten vum Präsident zu Dispositioun stoën.

Ech sinn der fester Iwwerzeegung dat mir nach motivéiert (och jonk) Leit an eise Reien hunn fir hei d’Relève ze huelen.

An nächster Zäit wäert dofir en Appel de candidatures erausgoën.

Fir all weider Infoën zéckt net unzeruffen.

Passt alleguer op Iech op a bleiwt gesond.

Mat beschte Gréiss
Christian Faber
Präsident