Geschicht

De Syndicat des Cadres des Contributions

Dat éischt Schrëftsteck iwwer de Syndikat datéiert vum 07.11.1909. Et sin dëst déi éischt Statuten vum « Verein der Steuer- und Akzisenbeamten des Großherzogtums Luxemburg ». Deemols huet eisen Syndikat sech jhust aus «Commis»-en an «Sous-chef de bureau»-en zesummengesat. Déi aner Beamten konnten awer Eiremembren ouni aktivt a passivt Wahlrecht gin. De Syndikat huet also nach nët a senger heiteger Form bestanen. An den 20er an 30er Joren hat hien éischter de Karakter vun enger Amicale, déi sech virun allem ëm d’Organisatioun vun den alljährleche Versammlungen mat uschléissendem Iessen gekëmmert huet.

Am 2. Weltkrich huet den däitschen Besetzer all Aktivitéit vum Syndikat verhënnert. An dëser schwéirer Zäit awer hun d’Beamten, bis op e puer Kollaborateuren, fest zesummengehalen, e Phänomen, deen een sech haut bei eis schwéier virstelle kann. No der Liberatioun, huet déi lëtzebuergesch Regierung, déi all Frang gebraucht huet, dat däitscht Steiergesetz bäibehalen. Dorobber hin engagéiert sech e Grupp Steierbeamten, datt d’Verwaltung ausgebaut gët an déi Beamten bäikritt, ouni déi si nët méi fonktionnéire kéint.

D’Statuten vum Syndikat erliewen zu där Zäit eng Reform : Vun elo un kënne Beamten aus alle Graden Member gin, desweideren setzt sech de Comité aus jeweils engem Beamte vun all Grupp aus der Karriere zesummen.

Wat d’Reorganisatioun vun der Steierverwaltung ugeet, muss de Comité vum Syndikat awer nach vill Demarchen maachen fir datt de 25.05.1949 endlech d’Gesetz doriwwer mat etlechen Verbesserungen gestëmmt gët.

No dem Ereechten huet sech awer e gewëssenen Laxissmus ageschlach. Bei enger Comitéswiel, am Joer 1954, huet den Desinteresse säin Héichpunkt fond, dëst duerch e Mangel u Kandidaten. No iwwerstanener Kris kënnt ët zu enger intensiver Schaffensperiod, déi nei Verbesserungen fir d’Memberen bréngt.

Am Joer 1959 awer, mécht de Syndikat eng nei Kris duerch, wéi matzen an de Virbereedungen fir eng Gehälterrevisioun de Comité, nom Récktrëtt vum President, ausernanerbrécht. Sou muss den Direkter eng Ennersichungskommissioun op d’Been sëtzen, fir dem Personal säin Avis an dëser Affär ze froen, wat och geschitt. Vertrieder vun eiser Verwaltung a vum Enregistrement grënnen elo « d’Entente des Cadres des Fonctionnaires des Contributions et de l’Enregistrement » fir méi staark ze sin an hir Interessen ze verteidegen, nët nëmmen géint d’Regierung ma och géint aner Verwaltungen. « D’Guerre des indemnités accessoires » soll méi wéi zwee Joer daueren, während denen onzieleg Diskussiounen, Versammlungen, Bréiwer, Demarchen, asw gemaach gin.

Den 22.06.1963 gët d’Gesetz vun der Gehälterrevisioun ënner enger Form gewielt, mat där de Syndikat nët zefridden as, sin dach déi « indemnités accessoires » ofgeschaaft gin.

1964 entsteet de Syndikat ënner senger Bezeechnong « Syndicat des Cadres », hie gët vun elo un vun engem « Conseil des Délégués » dirigéiert, an deem Vertrieder vun sämtlechen Grade sin.

1967 gët aus der Entente des Cadres eng a.s.b.l., sie grënt mat 3 anere Gruppen d’CGFP.

1970 hëlt de Syndikat aktiv un der Reorganisatioun vun eiser Verwaltung deel.

Am Laf vun de Joren verbesseren sech d’Relatiounen tëschent deenen eenzelne Verwaltungen, an den 08. Juli 1975 gët « d’Association Générale des Cadres » d’AGC gegrënnt.

1978 feiert de Syndikat säin 70jähregt Bestehen.

1980 decidéiert d’Assemblée générale, dass e groupe de travail an enger Emfro de Beamten hir Meenung zum horaire « variable » freet. 51% vun den 200 Aktiven gin hir Aentwert eran, 98% si fir den horaire variable, mee dës Emfro gët nët beuecht. 1986 gët eng nei Emfro vun der Direktioun aus gemaach, hei si jhust nach 35,35% vun 348 Beamten fir den horaire mobile, 50.86% fir den horaire différé, deen doropshin agefouert gët.

Am Laf vun de Joren schafft de Syndikat weiderhin mat Kompetenz a Feingefill fir seng Memberen.

1990 gët am Kader vun der Steierreform de Gedanke fräi, dass souvill Upassungsarbecht un dat neit Gesetz eng Belounung verdéngt. Och gesäit de Syndikat, dass vill jonk Beamten léiwer an aner Verwaltungen gin, well do d’Couren an d’Examen vill méi liicht sin. D’Iddi vun der « Prime de formation fiscale » gët gebuer, déi de Syndicat länger Zäit an Otem hält. Schliesslech kënne si hire Projet a liicht verännerter Form vum Januar 1992 un duerchsetzen.

Iwwerhaapt setzt de Syndikat sech verstärkt fir d’Problemer vun de Jonken an, a bewirkt Reformen vun Couren an Examen. D’Kandidaten gin an verschiddenen Fächer duerch een Test gepréift, deen hinnen entweder den Examen ganz erspuert oder d’Examensresultat positiv beaflosse kann. Och gin d’Couren vun 8 op 6 Stonne reduzéiert. En Arbechtsgrupp informéiert sech iwwer d’Suergen vun den Stagiären, an de Syndikat waacht iwwer d’Anhaalen vun de Regelen bei Couren an Examen.

Wann een dann nach déi laafend Geriichtsaffären kuckt, bei denen de Syndikat sénge Memberen zur Säit steet, déi vill Bréiwer an Entrevuen déi bestänneg um Programm stin, da kann een nëmmen bedaueren, dass vill Leit de Wert vum Syndikat eréischt erkennen, wann si selwer séng Hëllef brauchen.

Les statuts


Administration